© Screenshot Youtube
Do war wuel een ze séier ënnerwee...
De Pietro Lombardi (28) huet selwer op Insta erzielt, dass hien de Führerschäin ofgeholl krut. Dat well hien ze séier mam Auto ënnerwee war. Op Nofro hin vu senge Fans, wieren et e puer km/h ze vill gewiescht.
Geschitt ass dat wéi hien um Wee aus der Tierkei a Richtung Däitschland war. Do war hien net nëmme fir Vakanz ze maachen mee och ze schaffen. Zesumme mam Fussballer Lukas Podolski hat de Pietro Reklamm-Videoe fir seng eege Glace gedréint.
Säi Führerschäi kritt hien iwwregens an zwou Wochen erëm. Bis dohinner heescht et ebe Bus, Zuch oder Taxi fueren.