De Sänger huet op Insta ee Video uewen um Mount Everest gepost.

De Mike Posner ass op de Mount Everest geklommen. Op Insta huet hien ee Video gepost, wou hien uewen op der Spëtzt vum Bierg ass an "On the top of the world" blärt.

"Dat war haart", schreift de Grammy Nominéierten op Insta um Donneschdeg.

"Ech sinn deck midd, et huet gedauert, ech wäert nach e puer Erënnerunge mat iech deelen".

Mam Erklamme vum Bierg ënnerstëtzt hien den Detroit Justice Center a seng Aarbecht am Beräich vun der Strofjustiz. Op GoFundMe goufe fir d'Organisatioun iwwer 200.000 Dollar gesammelt.