Hien huet scho mat 5 Joer dovunner gedreemt.

Den US-amerikaneschen Entrepreneur Jeff Bezos plangt well an e puer Wochen an de Weltall ze fléien. Dat huet den Amazon-Grënner op Insta matgedeelt.

An engem Video erkläert de 57-Järegen, dass hien zënter sengem fënnefte Liewensjoer dovunner gedreemt hätt, an de Weltall ze reesen. Den 20. Juli wäert hie mat sengem Brudder op dës Rees goen. Fir de Bezos ass et eng "grouss Aventure" mat sengem "beschte Frënd".

D'Entreprise "Blue Origin", déi de Bezos och gegrënnt huet, wäert den 20. Juli fir déi éischte Kéier iwwerhaapt Weltraum-Touristen an den All bréngen, mam Rakéitesystem New Shepard.

Eng Kapsel huet Plaz fir 6 Passagéier, mat dobäi sinn do de Bezos a säi Brudder. Eng vun de Plaze geet un de Gewënner vun enger Auktioun, déi nach bis den 12. Juni leeft a wou d'Héchst-Offer de Moment bei 2,8 Mio US-Dollar läit. Wéi vill eng Plaz fir Weltraum-Touristen op weidere Flich da kaschte soll, ass bis ewell net bekannt.