Domadder hätt hie warscheinlech net gerechent...

Fir d'lescht huet de Bushido virun allem mat sengen Optrëtter viru Geriicht Schlagzeile gemaach, wéi hie géint säi fréiere Geschäftspartner Abou-Chaker ausgesot huet. Zwar riskéiert hie geschwë selwer ee Prozess, mee et gëtt och ee Grond sech ze freeën. Dem Bushido seng Fra ass nämlech schwanger, et sinn Drillingen ënnerwee. Dat huet hie selwer op Insta matgedeelt.

De Bushido huet well 4 Kanner mat senger Fra, dorënner Zwillingen, a seng Fra huet nach ee weidert Kand aus enger fréierer Bezéiung. Deemnächst mussen si sech also ëm 8 Kanner këmmeren.