"The Hoff" wëll endlech nees méi Fräiheeten.

Den US-Schauspiller a Sänger David Hasselhoff mécht Reklamm fir d’Impf-Campagne vum däitsche Gesondheetsministère. Dem Ministère no kritt den Hasselhoff dofir keng Suen. Säi Rot u jidderee wier sech impfen ze loossen, esou den Hasselhoff an engem Video:

An engem anere Video erkläert hien, wisou hien sech fir d'Impfung entscheet huet. Deemno wéilt hie säin Alldag nees an a Fräiheet reesen, esou de Sänger viru senger Villa an den USA. D’Fräiheet hätt hien duerch d’Impfung fonnt.