Dat huet hien elo an engem Podcast erzielt.

De One Direction Star Liam Payne (27) huet elo iwwert seng donkelst Zäit a sengem Liewe geschwat. Wärend senger Boyband-Zäit hat hie mat staarken Alkohol- an Drogeproblemer ze kämpfe gehat, déi hie bal an de Selbstmord gedriwwen hunn. Dat huet hien elo am Podcast  The Diary of a CEO" erzielt. 2015 hat One Direction sech jo opgeléist. Elo ass de Liam Payne eréischt bereet säi Problem unzegoen. Zënter engem Mount wier hie clean. Trotzdeem maachen sech seng Fans Suerge well hien eréischt viru kuerzem seng Verlobung mam Model Maya Henry opgeléist huet.