D'Dating-Gerücht schéngt sech ëmmer méi ze confirméieren...

D’Kim Kardashian an de Kanye West si getrennt, si loossen sech scheeden. De Kanye soll awer anscheinend eng nei Flam hunn. Bis ewell ass et awer ee Gerücht, dat sech awer ëmmer méi confirméiert.

De Kanye West gouf deemno um Dag vu sengem 44. Gebuertsdag zesumme mam Supermodel Irina Shayk zu Paräis gesinn. D'Irina kenne mer, dat war mol mam Hollywood-Schauspiller Bradley Cooper zesummen an och mam portugisesche Fussballstar Cristiano Ronaldo.

Wéi een Insider géintiwwer dem „People-Magasinn“ sot, wieren de LKanye an d'Irina och schonns zu New York zesumme gesi ginn. Offiziell wieren se net zesummen, mee et géif awer Interessi op béid Säite ginn, esou heescht et.