Wéi et heescht wieren e puer Filmer a Serie mat der Sängerin a Schauspillerin geplangt.

Fir d'Popqueen Jennifer Lopez kéint et net besser lafen. Hatt soll nees mam Schauspiller Ben Affleck zesumme sinn. Si ware jo an den 2000 scho matenee verloobt, hunn sech dunn awer nees getrennt. Elo soll d'Léift zueneen nees do sinn.

D'Sängerin kann sech och berufflech freeën. Dem Jennifer Lopez seng Produktiounsfirma Nuyorican Productions hunn elo ee Mega-Deal mam Streamingdéngscht Netflix ofgeschloss. Riets ass vun enger Partnerschaft vun e puer Joer, vun e puer Filmer an e puer Serien.

D'Jennifer wäert deemno als Schauspillerin an och als Produzentin vun de Filmer a Serie matwierken. Läuft fir d'J.Lo!