De Kanye West huet eng nei Jackett presentéiert, an déi huet et fäerdeg bruecht dass ee ganze Site ofstierzt.

De Rapper huet jo seng eege Mark "Yeezy", an zesumme mat der Kleedermark „Gap“ hunn si elo eng Jackett op de Marché bruecht.

Et ass eng deck blo Wanter-Jackett, ouni Täschen an ouni Tirett.

Verschiddener soen dass se ausgesäit wéi eng blo Poubellestout.

Wéi ëmmer ass et eng Affaire de Goût. D'Jackett kënnt op alle Fall och deck gutt un, se war no just e puer Stonnen ausverkaf an huet de Site vu "Gap" op där een se virbestelle konnt, zum Ofstierze bruecht. D'Jackett kascht 200 Dollar.

De Kanye West wäert iwwregens déi nächst 10 Joer Kleeder fir „Gap“ entwerfen a soll dem US-Promi-Portal "TMZ" ronn eng Milliard Dollar dofir kréien.