De brittesche Prënz Harry ass deck rosen a geet op eneits géint déi brittesch Press vir.

De brittesche Prënz Harry an d’Herzogin Meghan sinn d’lescht Woch fir d'Zweet Eltere ginn. Si hunn hiert d’Meedche „Lilibet Diana“ genannt. "Lilibet" ass de Spëtznumm vun der Queen Elisabeth an "Diana" den Numm vum Harry senger verstuerwener Mamm. An deen Numm suergt fir vill Wierbel.

An de brittesche Medie gëtt deemno behaapt, dass den Harry d’Queen net ëm Erlabnis gefrot hätt, d’Kand "Lilibet" ze nennen. Dat hätt een Insider géintiwwer der BBC verroden. Den Harry huet direkt no der Publikatioun vun dëser Behaaptung zeréck gekontert a gesot, dass dat absolutte Blödsinn wier, et wier alles mat der Queen beschwat ginn, hien hätt den Numm ni ouni Accord vun der Queen geholl.

Den Harry sot well dacks an Interviews dass hien es genuch huet vun deene Ligen an der Press an dass hien dogéint geziilt wëll virgoen, a sou menacéiert hien déi brittesch Press elo nees mat enger Klo.