Den däitsche Webstar hat seng Fans an de leschte Méint u sengem schwéiere Kampf géint de Kriibs deelhuele gelooss.

Den däitsche YouTube-Star Philipp Mickenbecker ass am Alter vun nëmmen 23 Joer gestuerwen. Hien ass un de Suitte vu senger Kribserkrankung gestuerwen. Dat hunn seng Famill a seng Frënn matgedeelt.

De YouTube-Star gouf vu ville Fans virun allem wéinst senger grousser Liewensfreed a Stäerkt bewonnert.

Zënter 2016 hunn de Philipp a säin Zwillingsbrudder Johannes als liewenslëschtegen Duo "The Real Life Guys" op YouTube d'Community begeeschtert. Am Oktober lescht Joer krut de Philipp d'Diagnose dass hie Kriibs am Endstadium huet. Zweemol hat hien den Lymphdrüsekriibs well bekämpft, déi heite Prognos war awer eendeiteg: si haten dem YouTuber maximal 2 Méint ginn.

Viru sengem Doud war hien "am Fridde mat sech", esou seng Frënn op YouTube. No enger besonnesch staarker Bluddung gouf hien an d'Spidol bruecht. Do ass hien e puer Stonne méi spéit am Krees vu senge Frënn a Famill gestuerwen.

Eng Doku soll d'Geschicht vum Philipp Mickenbecker an "The Real Life Guys" dokumentéieren. Op säi Wonsch hin waren an de leschte 6 Méint zwee Filmproduzente bei him an hunn hien duerch den Alldag begleet.