"Bennifer" hunn et virgemaach, maachen et d'Angelina Jolie an den Jonny Lee Miller no? Zeréck bei den Ex?

Als 20-Järeg war d'Angelina Jolie mam brittesche Schauspiller Jonny Lee Miller bestuet. Dat hat awer net laang gehalen. Den Jonny kenne mer ënner anerem aus der Serie "Sherlock Holmes".

No zwee weidere Mariagen (Billy Bob Thornton a Brad Pitt) an dem Rousekrich ëm d'Suergerecht fir d'Kanner soll d'Angelina Jolie nees mat sengem Ex dem Jonny Lee Miller zesumme sinn. Dat melle verschidde brittesch Medien.

An engem Interview 2004 hat d'Angelina well gesot, dass d'Scheedung vum Jonny "wuel dat Dommste war, wat et jee gemaach hätt".

Ma wann et beim J.Lo a beim Ben Affleck nach eemol geklappt huet, da vläicht och beim Angelina an Jonny!