D’Gwen Stefani an de Blake Shelton solle sech heemlech bestuet hunn.

D'Hochzäit soll op dem Country-Sänger senger riseger Farm an Oklahoma gewiescht sinn. Eng extra Kapell soll esouguer fir dës Hochzäit opgeriicht gi sinn. Eng Foto huet u sech d’Rumeuren ausgeléist. D’Sängerin hat nämlech en opfällege Rank un wéi hatt mat sengem Jong a mam Shelton fotographéiert gouf. D’Koppel ass schonn zënter 2015 zesummen an zënter Oktober 2020 verloobt.