E 35-järege Mann ass an dem Reality Star seng Mansion agebrach. Hie gouf awer direkt vun de Security-Leit gestoppt.

De Stalker hat schonn e puermol versicht dem Kylie Jenner ze begéinen. Bis ewell hat de Mann sech awer kooperativ gewise wéi d’Security-Leit hie fortgeschéckt haten. Mee dës Kéier wollt de Stalker awer dem Kylie seng Léift gestoen. Schlussendlech huet d’Police hie festgeholl. Déi 23-järeg Influencerin war awer net doheem. D’Kardashian a Jenner Schwëstere sinn dacks mat Stalkere geplot. Virun allem d’Kim Kardashian an d’Kendall Jenner.