D’Chrissy Teigen war an der Lescht éischter negativ opgefall, an zwar wéinst Mobbingvirwërf. Elo huet et sech zu Wuert gemellt.

Effektiv wëll d’Chrissy Teigen säin Image bëssi verbesseren. Op sengem Blog huet d'Model elo gesot, dass et all déi Saache bereit, déi et an der Vergaangenheet gesot huet. Et géifen nämlech keng Excusë gi fir esou e Behuelen.

D’Chrissy hat de Geck mat enger Partie Promien op Twitter gemaach, ënner anerem mam Courtney Stodden a Lindsay Lohan. Hatt huet och zouginn dass hatt seng Aussoen deemools witzeg fonnt huet. Elo soll et awer realiséiert hunn dass et déi Persoune verletzt huet. Vläicht och well vill Firme wéinst sengem Verhalen net méi mat him zesummeschaffe wollten oder wëllen.