De Post Malone ass jo ganz kloer en Tattoo-Fan. Mee elo huet en och vill Sue fir seng Zänn ausginn...

Jo de Post Malone wollt net nëmme méi Deko op senger Haut, mee och op sengen Zänn hunn. Hien huet ganzer 1,6 Milliounen Dollar ausgi fir sech Zänn aus Porzeläi maachen ze loossen. Zwee dovunner sinn Diamanten-Vampirzänn vun 12 Karat. Et kann een am deem Fall scho bal vu Konscht schwätzen. Et war nämlech eng Kollaboratioun tëscht engem Promi-Zänndokter an engem Bijoutier. De ganze Prozess war méi laang wéi een sech denkt well de Bijoutier iwwer ee Joer gebraucht huet fir d’Zänn hierzestellen.