Ee Vertrag wier nach net ënnerschriwwen.

Bei der Fro wien den Dieter Bohlen bei DSDS als Chef-Juror ersetze soll, gëtt et ëmmer méi konkret.

Anscheinend soll den Dieter Bohlen duerch de Florian Silbereisen ersat ginn. Dat soll een Insider der Bild-Zeitung verroden hunn.

Déi Responsabel vun DSDS géife scho méi laang mam 39 Joer ale Schlagerstar verhandelen. Deen hätt awer nach net definitiv zougesot, an och nach kee Vertrag ënnerschriwwen, esou heescht et. Anscheinend wéilt de Florian Silbereisen ee Matsproocherecht hunn, wien nach sou an der Jury sëtze soll.