Wäert de Musk an Zukunft um Mars liewen?

Den Elon Musk trennt sech weider vu sengem Besëtz. Hien huet elo bal all seng Haiser verkaf. Antëscht steet seng lescht Villa fir 37 Milliounen Dollar zum Verkaf. All d’Suen déi hien elo duerch d’Verkeef gesammelt huet, sollen a säi Mars-Projet fléissen. Alleguerten seng Haiser sollen eng Kéier ee Wäert vun 100 Milliounen Dollar gehat hunn. De Musk wäert an Zukunft dann eppes lounen. Hie wëll jo eng Stad um Mars bauen an dofir brauch hie vill Suen. Bis 2050 sollen 1 Millioun Mënschen um Mars liewen, esou de Wonsch vum Milliardär.