Wann s de vun der Kanzlerin onerwaart eppes per Post geschéckt kriss...

Den däitsche Rapper Gzuz huet sech well e puer mol misse viru Geriicht veräntwerten. Ënnert anerem wéinst engem Iwwerfall op ee Geschäft oder wéinst Kläppereien. Elo krut de Rapper onerwaart Post vun der Bundeskanzlerin Merkel.

Den Gzuz ass u sech kee Fan vun der däitscher Politik an net vun der Regierung. A senge Songs geet et dacks ëm sozial Mësstänn wéi Aarmut an Diskriminéierung. Am Song „Optimal“ vun 2016 huet hie souguer dovu gerappt, dass d’Kanzlerin Merkel léiwer duerch hien ersat sollt ginn.

Elo dann d'Autogrammskaart vun der "Muddi". Gefreet huet en sech op alle Fall. De Grond wisou hien eng krut, ass onkloer.