Den Optrëtt vu sengem jéngste Bouf bleift ouni strofrechtlech Konsequenzen.

Fir den Angelo Kelly vun der Kelly Family gouf et ee Succès viru Geriicht. Hie krut Kanneraarbecht virgeheit.

Hie war zesumme mat sengen 3 Kanner am Juli 2019 op engem Festival opgetrueden. An do war och säin deemools 3 Joer ale Bouf op der Bün an huet matgesongen a Gitarre gespillt. Du krut den Angelo virgeheit géint d’Jugend-Aarbechtsschutz-Gesetz verstouss ze hunn. D’Riichter hunn elo awer erkläert, dass de kuerzen Optrëtt vun deemools 3-järege Jong net als illegal Kanner-Aarbecht ze wäerten ass.

Eng Geldstrof gëtt et trotzdeem: Hie muss eng Strof vu 500 Euro bezuelen, dat sech aus dem Optrëtt vu sengem deemools 13 Joer ale Meedchen a sengem deemools 8 Joer ale Bouf. Fir béid Kanner hat den Angelo zwar eng Optrëtts-Geneemegung ugefrot, déi hien och krut, mee virum Ufank vum Concert nach net schrëftlech virlouch.