Keng sou schéi Schlagzeilen ginn et iwwert d’Billie Eilish.

Konkret geet et ëm een ale Jugendvideo vum Billie Eilish, deen hatt mat 14 Joer mat sengem Brudder gemaach soll hunn. Doranner soll hatt bewosst de Geck mat Asiate gemaach hunn, esou jiddefalls de Virworf. An deem Video mécht hatt deemno den Akzent vun asiatesche Mënschen no a soll se och beleidegt hunn.

De Video gouf vun engem TikTok-User op d'Plattform eropgelueden, mee et ass nach onkloer, a wéi engem Zesummenhang hatt dat opgeholl huet.

Nodeems de Video bei Twitter viral gaangen ass, fuerderen opgebruete Fans elo eng ëffentlech Entschëllegung vum Billie. Dat huet sech dozou awer nach net geäussert.