D’Lena Meyer-Landrut ass net nëmme Sängerin, mee mécht elo och Moud.

Laang ass et roueg ëm d’Sängerin gewiescht, elo ass d'Lena Meyer-Landrut allerdéngs mat direkt e puer nei Projeten zeréck. Enn Mee huet hatt mat engem Best-of-Album ee Comeback gefeiert. Elo ass seng eege Kleedermark un de Start gaangen. Säi Label heescht „a lot less“ also "vill manner". Et sinn deemno 90 Kleedungsstécker déi op de Marché kommen. D’Kleeder bestinn zum gréissten Deel aus nohaltege Materialien.