13 Joer laang war hie Member vun der Biden-Famill.

Eng traureg Nouvelle kënnt vum Joe Biden. Dem US-President säi Schäferhond, den Champ ass dout. Dat huet de Biden de Weekend iwwer op Twitter wësse gedoen. Den däitsche Schäferhond war 13 Joer laang an der Famill. Den Champ war ee vun zwee Hënn, dee mam Biden an d’Wäisst Haus geplënnert ass.