Den Dwayne The Rock Johnson geet bekanntlecherweis oft an de Fitnessstudio. Ma viru kuerzem gouf hien duerch en Héngerdéif dru gehënnert.

Den Dwayne The Rock Johnson ass elo net déi Persoun wou ee soe géif, dass déi sech aschüchtere léisst. Ma genee dat ass dem Schauspiller awer viru kuerzem geschitt.

Wéi hie moies an de Fitnessstudio wollt goen, ass him eppes Onerwaartes viru senger Hausdier zu Atlanta opgedaucht. De Johnson wollt erausgoe wéi en Héngerdéif viru senger Hausdier eng Schlaang giess huet. Beim Versuch d'Haus ze verloosse gouf hien ugespaut.

Doropshin huet hien seng Seance am Fitnessstudio mol kuerz fale gelooss a gewaart, bis den Héngerdéif säi Workout-Meal giess hat.