Eigentlech ass d'Paris net fir sein Kachtalent bekannt, ma dat hält hat net dovun of eng Kachshow op Netflix ze lancéieren.

D'Paris Hilton huet scho quasi alles am Liewe gemaach oder probéiert wat een sou probéiere kann. Vu Schauspillern iwwer Musek, elo huet hat decidéiert op Netflix säi Kachtalent ënner Beweis ze stellen.

Op Instagram ass och schonn e passend Bild vum Kachbuch-Cover online. Natierlech ass d'Paris wéi gewinnt moudesch ënnerwee.

D'Paris Hilton wëll sech awer op méi simpel Rezepter spezialiséieren. Wéi wier et mat engem Cook- oder Bake-off géint de Gordon Ramsay oder Jamie Oliver?

D'Serie kann een sech ab dem 4. August op Netflix ukucken.