Den George Clooney verloust zesumme mat senger Fra Amal een Dinner bei sech doheem a senger Villa um italienesche Comer Séi.

Een Dinner mam Schauspiller George Clooney ass een Dram deen elo eventuell Realitéit kéint sinn. Den George Clooney verloust zesumme mat senger Fra Amal een Dinner bei sech doheem a senger Villa um italienesche Comer Séi. 4 Stären Hotel inklusiv. De Fluch fir sech an ee Kolleeg dohinner gëtt och iwwerholl.

Wat muss ee maachen? Ma et muss een sech einfach umellen, an da kënnt een an d’Lous-Dëppen. Et kann een awer och spenden, dat geet alles un ee gudden Zweck. Do fänkt et bei 5 Euro un.