Den Interview ass an der Spezial-Kategorie nominéiert.

Den Oprah Interview mam Harry a Meghan ass fir den amerikanesche Fernsee-Präis “Emmy”  nominéiert.

Den Interview vun der amerikanescher Talkmasterin Oprah Winfrey mam brittesche Prënz Harry an der Herzogin Meghan, deen Ufank Mäerz ausgestraalt ginn ass, huet weltwäit beweegt. Et gouf ee Rassismus-Skandal ausgeléist an den Interview huet ganz vill Leit rose gemaach.

D’Oprah Winfrey a seng Produktiounsfirma stinn deemno an der Lëscht vun der Emmy-Spezial-Kategorie. D’Haaptpräiser vun den Emmys ginn en 19. September verginn.