Hatt dierf sech elo säi Wonsch-Affekot zur Säit huelen. D'Britney war mat sengem fréieren Affekot, deen hatt 13 Joer vertrueden huet, net zefridden.

Fir d'Britney Spears gouf et viru Geriicht een deelweise Succès. D'Sängerin huet dës Woch op en neits misse viru Geriicht am Tutelles-Prozess aussoen. D'Richterin huet deemno d'Demande vum Britney akzeptéiert, sech een neien Affekot ze huelen.

Ausserdeem huet d'Mamm vun zwee Kanner viru Geriicht ënnert Tréinen ausgesot, dass hatt géint säi Papp eng Plainte wéilt maachen. Dat wéinst Mëssbrauch vun der Tutelle. Deemno géif hien him ënnert anerem verbidde schwanger ze ginn, Vitaminn-Präparater ze huelen a Kaffi ze drénken an et krut do dernieft seng Autosschlësselen ofgeholl.