De Komiker gouf vun engem Politiker op 80 Milliounen Euro verklot.

Den US-Politiker Roy Moore wëll de brittesche Komiker Sacha Baron Cohen verkloen.

Hie war Gaascht beim Cohen senger Comedy-Show "Who is America" a gouf do indirekt als pedophillen Täter bezeechent. Dat geet dem Politiker ze wäit a verlaangt 80 Millioune Schuedenersaz.

De Riichter huet d'Klo elo awer ofgewisen. Deemno wier et eendeiteg ee Witz gewiescht. Ausserdeem hätt de Moore virun der Show een Dokument ënnerschriwwen, an deem festgehale gëtt, dass hien de Cohen net wéinst dem Inhalt vun der Sendung verkloe kéint.

De Roy Moore gëtt sech domat net zefridden a wëll an Appell goen.