D'Britney Spears huet op Instagram ugekënnegt net méi op enger Bün ze performe respektiv opzetrieden.

Am Sträit ëm d'Tutelle mat hirem Papp huet den US-Popstar Britney Spears ugekënnegt an Zukunft net méi opzetrieden. Iwwer Instagram huet d'Sängerin wësse gedoen, datt si an Zukunft net méi op d'Bünn geet wann hire Papp decidéiert wat si undeet, seet, mécht oder denkt.

Amplaz vun Optrëtter op der Bün wëll déi 39 Joer al Amerikanerin elo mat Danzvideoen aus sengem Wunnzëmmer ënnerhalen.