Esou huet et op mannst bei den NBA-Finals ausgesinn. Do huet d'Adele sech nämlech net eleng gewisen.

Basketball kuckt sech dach besser zu Zwee. Dat huet sech och villäicht d'Adele geduecht. Well beim Game 5 vun den NBA Finals souz d'Sängerin net eleng do! Nieft sech hat et de Rich Paul, deen och nach Agent vum LeBron James ass. Dee konnt dem Adele wuel net nëmmen e puer Insider-Tipps verroden, mee huet em dann och Gesellschaft geleescht.

Wéi Aenzeie soten, wieren de Rich Paul an d'Adele ganz verdéift gewiescht an d'Spill. Geknuutscht oder Händche gehale gouf zwar och net, ma déi zwee hätten awer ganz comfortabel beienee gewierkt. Eng aner Source huet da behaapt déi zwee géinge sech daten. Villäicht gesäit een d'Adele elo jo méi dacks bei Basketball-Spiller setzen. D'Plaz u senger Säit ass jo no senger Scheedung nach fräi. Egal op dat elo fir ee Kolleeg oder een neie Mann u senger Säit ass.