Am Schéinsten ass et jo, wann een eppes mat engem aneren deele kann. Den David Beckham mécht dat och gäre mat senge Muppen.

Dee beschte Frënd vum Mënsch ass einfach ëmmer do a begeeschtert eppes dierfe mat sengem Mënsch z'ënnerhuelen. An den David Beckham ass do genee d'selwecht.
Den Ex-Fussballprofi huet an enger Insta-Story nämlech gewise wéi gären hie mat sengen zwee Muppen, dem Fig an dem Sage deelt.

Um Video gesäit ee wéi dee 46-Joer ale Brit ee Kichelchen an de Mond hëlt. Säi Mupp de Sage huet dann och direkt reagéiert a sech eng Hallschent vum Kichelchen ofgebass. De Recht war dann natierlech fir den David selwer. Op senger zweeter Story huet en dat Konschtstéckchen dann och mat sengem zweetem Mupp, dem Fig gewisen. Deen huet zwar ee Moment méi laang gezeckt mee sech dunn awer un de Kichelche getraut.

Esou no wiere sécher och gäre ganz aner Leit dem David Beckham senge Lëpse komm.