Déi fréier Prinzessin huet dës Nouvelle elo via Social Media matgedeelt.

Nach dës Woch wëll d'Tessy Antony-De Nassau eng zweete Kéier "Jo" soen. Dat huet déi fréier Prinzessin via Instagram matgedeelt. De Grond dofir ass, dass d'Tessy a säi Verloobten de Frank Floessel sech fir ëmmer banne wëllen ier der Koppel hiert Kand op d'Welt kënnt, oder "déi kleng Boun" wéi d'Tessy et op sengem Social Media Account ausdréckt. Fir déi fréier Prinzessin ass et dat drëtt Kand.

Zesumme mam Prënz Louis huet d'Tessy Antony schonn zwee Jongen, de Gabriel an den Noah. Dës sollen och bei der Hochzäit vun hirer Mamm eng Roll spillen wéi d'Tessy weider op Instagram schreift. Weider wier et awer eng kleng Hochzäit am enke Familljen- a Frëndeskrees. Eng gréisser Feier soll awer nokommen, dat awer eréischt an e puer Méint wann der Koppel hiert Kand op der Welt ass.