Via Social Media huet d'Halsey d'Gebuert matgedeelt.

Nodeems d'Halsey nach viru knapps enger Woch säi 4. Album "If I Can't Have Love, I Want Power" ugekënnegt huet, an dem et ëm Schwangerschaft, Gebuert a Liewe geet, huet d'Halsey elo d'Gebuert vu sengem Jong dierfen erliewen.

Wéi d'Sängerin via Social Media matgedeelt huet ass dee klengen Ender Ridley Aydin schonn de 14. Juli 2021 op d'Welt komm. Wéi d'Halsey weider schreift ass et dankbar fir dës "sielenst" an euphoresch Gebuert. Ausserdeem wier se "powered by love" gewiescht.

Fir d'Halsey ass et dat éischt Kand. An der Vergaangenheet hat d'Kënschtlerin och doriwwer geschwat, dass et net sou einfach gewiescht wier fir hatt nees schwanger ze ginn. Dës duerch seng Endometrios.

Ganz vill aner Stars hunn dem Halsey dann och scho gratuléiert. Dorënner d'Katy Perry, den Justin Timberlake, d'Demi Lovato oder och d'Camila Cabello.