De Schlagerstar gëtt zënter en Dënschdeg per Haftbefeel gesicht.

Den ëmstriddenen däitsche Schlagersänger Michael Wendler sollt en Dënschdeg zu Dinslaken viru Geriicht erschéngen. Et geet ëm Bäihëllef beim Verhënnere vun enger Zwangsvollstreckung. Ma de Wendler huet sech awer net viru Geriicht gewisen, an ass warscheinlech nach an den USA. Do hat hien sech jo virun e puer Méint ofgesat.

Wéi däitsch Medie schreiwen, huet hie gefrot, dass säin Affekot hie viru Geriicht vertrëtt. D'Riichterin huet awer well am Ufank vun der Verhandlung um Dënschdegmueren däitlech gemaach, dass si dorop besteet, dass de Wendler sur place ass. Well dat net de Fall war, huet si een Haftbefeel géint de Wendler ausgeschwat. Elo besteet d'Méiglechkeet, dass de Wendler aus den USA ausgewise ka ginn.

Fir déi nächst Verhandlung an dëser Saach gëtt et nach keen neie Rendezvous.