Déi britesch Zeitung "Daily Mail" behaapt, dass d'Sängerin een neien opfällege Rank hätt.

Zanter elo 4 Joer ass d'Britney mat sengem Frënd Sam Asghari zesummen. Dohir wier et eigentlech net direkt verwonnerlech wann déi Zwee sech bestuede géifen. Dat ass awer duerch d'Situatioun vun der Sängerin eeben net méiglech. D'Britney steet jo elo zanter 13 Joer ënnert der Tutelle vu sengem Papp. An déi verbitt der Sängerin esou eng Decisioun eleng ze treffen.

Ma déi britesch Zeitung Daily Mail behaapt awer Fotoen ze hunn, op deenen een d'Britney a säi Partner gesäit. A virun allem déi lénks Hand vun der Sängerin. An op dëser Hand hätt d'Britney dann um Rangfanger effektiv ee schéine groussen Diamantrang un. Wat bedeite kéint, dass déi zwee sech heemlech geschwuer hu sech an Zukunft "Jo" ze soen.

Esou laang de Kampf ronderëm d'Tutelle vum Britney awer nach net gekläert ass, wäerten d'Sängerin a säi Frënd sech wuel nach gedëllege musse mat dësem Schrëtt.