Der Schauspillerin hiert Adoptivkand soll deemno guer kee Weesekand gewiescht sinn.

Et sinn nawell zimmlech schwéier Virwërf: dem Angelina Jolie säin eelste Jong de Maddox soll guer kee Weesekand sinn, mee eent vu ganz ville Kanner sinn aus Kambodscha bei dem Adoptiounsbedrug bedriwwe gouf.

Déi nei Doku "The Stolen Children" wëll dëser Adoptiouns-Praktik op de Grond goen. Besonnesch vill Kanner aus dem Kambodscha wieren an d'USA adoptéiert ginn, ma awer a potenziell net-ethescher Aart a Weis.

Deemno solle Kanner aus aarme Verhältnisser kaf gi si fir se dann u räich Famillen ze vermëttelen. D'Fro ass elo opkomm, ob et beim Angelina Jolie senger Adoptioun vum Maddox änlech gaangen ass.

Schonn 2017 hat een Assistant Social aus Kambodscha behaapt, dass hie selwer an der Dokumentefälschung vum Maddox involvéiert gewiescht wier. Deemno géif de Maddox effektiv nach Elteren am Kambodscha hunn. Ausserdeem war och d'Bedreiwerin vun der Agentur, duerch déi d'Angelina Jolie de Maddox adoptéiert hat verurteelt gi wéinst Kannerhandel.