Et heescht nees zeréck bei d'Wuerzele fir d'Daniela Katzenberger! An dat wuertwiertlech.

Am Abrëll hat d'Daniela Katzenberger eppes Neies probéiert: amplaz seng gewinnte komplett blond Mähn war den Usaz op eemol däischter. Ville Fans vun der "Katze" huet et zwar ganz gutt gefall, mee d'Daniela selwer konnt sech net esou richteg domat ufrënnen. Wéi de Reality-Star a senger Insta-Story sot, hätt et sech all Muere gefrot wien dann nëmmen déi Fra am Spijel ass.

Elo huet et da geheescht: "Back to the roots" an dat wuertwiertlech. D'Daniela Katzenberger huet sech nämlech e puer blond Méche maache gelooss fir nees e bëssi méi blond auszegesinn. Elo fillt et sech dann och nees méi wuel wéi et a senger Story verréit. An dat ass jo och dat Wichtegst!