Op enger neier Foto op sengem Instagram Account ass d'Sängerin bal net erëm z'erkennen.

D'Stefani Germanotta aka Lady Gaga zeechent sech doduerch aus, dass et sech ëmmer nees nei erfënnt. Dat awer meeschtens mat neie Frisuren, Hoerfaarwen oder verréckte Kostümer. Ma elo huet d'Sängerin awer eng Foto gepost op der et bal net erëm z'erkenne war.

Et kéint ee sech effektiv froen, ob d'Lady Gaga villäicht eppes maache gelooss huet. Seng Lëpse wierken méi deck an och säi Gesiicht huet eng ganz aner Form wéi een et vun der Sängerin gewinnt ass. Effektiv froe sech och scho Fans wat mat der Sängerin hirem Gesiicht geschitt ass. Et kann scho sinn, dass d'Sängerin mat Filler a Botox nogehollef huet. Oder d'Lady Gaga hat einfach just ee schlechte Winkel gewielt fir d'Foto ze maachen.