Een Erfolleg viru Geriicht fir d'Britney an domat en nächste Schrëtt a Richtung Selbststännegkeet fir d'Sängerin.

Ganz rezent ass et dem Britney dann erlaabt ginn, sech erëm selwer hannert d'Steierrad vum Auto ze setzen. Dat hat ee Riichter elo viru Geriicht decidéiert. Ee gudde Kolleeg vum Britney seet, déi 39-järeg Sängerin wier begeeschtert an dankbar fir all Hëllef, déi hatt am Moment kritt.

E puer Deeg virun dëser Decisioun gouf et awer schonn een éischten Erfolleg am Sträit ëm d'Tutelle. De 14. Juli krut d'Sängerin d'Erlabnis vum Geriicht, en eegenen Affekot dierfen z'engagéieren. De Mathew Rosengart wäert d'Britney an Zukunft viru Geriicht vertrieden, an ass och héich motivéiert dëse Sträit viru Geriicht fir d'Britney ze gewannen an him seng Fräiheet zeréck ze ginn.