Am grousse Stil huet d'Jennifer Lopez seng 52 Joer zu Saint Tropez gefeiert. An dat och ganz offiziell mam Ben Affleck.

Wie seet, dass ee mat 52 Joer onbedéngt och al ass? Dat ass sécher net beim Jennifer Lopez de Fall. Fir seng 52 Joer huet d'J.Lo et nämlech richteg kraache gelooss. Am Promi-Hotspot "L'Opera" zu Saint Tropez ware ganz vill Frënn vun der Sängerin dobäi. An natierlech: seng (al) nei Léift de Ben Affleck! Fir säin 52. Gebuertsdag hunn d'Jennifer Lopez an de Ben hir Relatioun hir Bezéiung och "Insta-Official" gemaach.

An dem "Jenny from the Block" geet et do och richteg gutt. Wéi glécklech d'Sängerin ass, gesäit een op diverse Videoen a Fotoen. Iwwregens ass den Hit "Jenny from the Block" och um Gebuertsdag gespillt ginn. Wie sech net erënnert: an dësem Musekvideo war den Affleck och ze gesinn. Deemools war d'Koppel jo och zesummen a souguer verloobt. Zu enger Hochzäit war et deemools awer net komm.