Nodeems déi däitsch Fussball-Ekipp géint Saudi Arabie gewonnen hat, huet de Max Kruse kuerzerhand nach Neel mat Käpp gemaach.

Aktuell ass de Max Kruse zesumme mat der Fussball-Ekipp bei den Olympesche Spiller zu Tokio. An do huet déi däitsch Ekipp um Sonnden scho mol 3:2 géint Saudi Arabie gewonnen. Ma och nom Match ass et nach eemol interessant ginn. Am Interview mam ARD huet den däitsche Sportler nämlech sech einfach emol de Mikro geschnaapt an ass op d'Knéie gaangen.

Live, virun der laafender Kamer huet den 33-Joer ale Fussballspiller seng Frëndin Dilara gefrot, ob et mat him deen nächste Schrëtt wéilt goen a seng Fra wéilt ginn. Ob et da jo gesot huet war dee Moment selwer nach net kloer well: seng Frëndin ass guer net do gewiescht! Ma méi spéit gouf awer ee Video verëffentlecht op dem een d'Mannschaft "Marry You" vum Bruno Mars sangen héiert. D'Caption vum Video seet dann och alles: "Sie hat Ja gesagt!"