D'Längt vun den Trainingsboxe vun de Beach-Handballspillerinnen huet bei der EM fir gréisser Diskussioune gesuergt.

D’Spillerinne vun der norwegescher Beach-Handball-Ekipp hate bei der EM amplaz de virgeschriwwenen Bikini-Boxen, méi laang Sportboxen ugedoen. A wéinst "net passende Kleeder" musse si eng Geldstrof vun 1.500 Euro bezuelen.

Elo kréien si awer prominent Ënnerstëtzung. D‘US-Sängerin Pink schreift op Twitter, dass hatt stolz op déi norwegesch Sportlerinne wier, déi géint déi wéi hatt fënnt zimmlech "sexistesch Reegelen" zu hirer Uniform protestéieren. Déi europäesch Handball-Federatioun misst eng Strof wéinst Sexismus bezuelen,  esou d‘Pink. D’Musekerin huet souguer ugebueden, d’Geldstrof ze bezuelen.

Wéi et vun der norwegescher Ekipp heescht, hätt et well Offere ginn, d’Strof ze bezuelen, si hätten awer decidéiert, dass si se selwer wéilte bezuelen.