De Sträit ëm d'Garde ëm hir gemeinsam Kanner geet virun. De Brad Pitt soll nees d'Besuchs-Rechter verluer hunn.

Neie Réckschlag fir de Brad Pitt. Nodeems den zoustännege Riichter am Sträit ëm d’Garde vun de Kanner mam Angelina Jolie aberuff gouf, soll de Brad elo och seng haart erkämpfte Besuchs-Rechter nees verluer hunn.

De Riichter gouf wéinst presuméierter Befaangenheet vum Fall ofgesat. Domat verbonne wier dem "People"-Magasinn no, och dass de Brad seng Besuchs-Rechter verléiert. Déi hat hien eréischt am Mee viru Geriicht kritt. Deemools sot de Riichter dass sech déi zwee Schauspiller d’Garde 50/50 deele missten. Ma d’Angelina huet et elo fäerdeg bruecht, dass de Riichter ofgesat gouf, well hien eng geschäftlech Bezéiung mam Brad huet, a sou beaflosst kéint ginn, esou heescht et.

De Sträit viru Geriicht geet also monter virun.