De Rapper Kanye West ass ee verréckten Typ. Dat wësse mer. Mee wann ee mengt dee wier verréckt, da kennt een nach net dem Kanye seng Fans, virun allem een.

Zënter e puer Deeg versteet ee Fan vum Sänger eppes ganz Bestëmmtes op eBay. Nämlech eng Tut. An dëser Tut ass deemno Loft vun engem richtege Kanye West Concert. De Startpräis louch bei 3.333 Dollar. Antëscht gëtt bis zu 12.000 Dollar dofir ugebueden. Esou vill Suen also fir just e bësse LOFT.