Wéi di amerikanesch Turnerin bekannt ginn huet, wëll si sech zeréckzéie fir un hirer mentaler Gesondheet ze schaffen.

Déi 24 Joer al Turnerin ass zeréckgetrueden an huet sech aus den Olympesche Spiller zeréckgezunn.

Et war eng grouss Iwwerraschung fir hier Ekipp. Ënner Tréinen huet Rekord-Weltmeeschterin (19 Mol Gold) hir Decisioun annoncéiert a gesot, dass si sech op hir mental Gesondheet muss konzentréieren.

Hir perséinlech Situatioun huet sech och geännert wéi d'Biles gesot huet. Ob d'Turnerin zu hire Competitiounen nees ophuele wäert bleift ongekläert.

Update:

Den US-amerikaneschen Turnverband huet matgedeelt, dass d'Simone Biles och um Samschdeg net an de Finals um Stufenbarren an um Sprong deelhuele wäert. Dëst wier zesumme mat den amerikanesche Medezinner decidéiert ginn. Op et e Méindeg bei de leschte Finals awer nach untriede wäert, bleift bis dohin onkloer.