Bréiffrëndschafte ware scho cool. Ob déi haut nach gefouert ginn ass éischter seele ma d'Queen huet eng speziell Bréiffrëndschaft gefouert.

D'Queen ass bekannt fir hiren Humor awer och fir hir Léift zu Déieren. Hir Hënn hunn deemno eng ganz speziell Roll an hirem Liewen ageholl.

D'Queen ass och eng Persoun déi gäre Bréiwer schreift. Esou zum Beispill och mat hirem Mann, dem verstuerwene Prënz Philippe. Eng éischter skurril Bréiffrëndschaft huet si da mat hirem fréiere Stallmeeschter Sir Blair Stewart-Wilson gefouert.

An dëser Bréiffrëndschaft hu béid Säiten net an hirem Numm, ma am Numm vun hiren Hënn geschriwwen. Deemno hunn d'walisesch Pembroke Corgis vun der Queen mam Jack Russell Terrier vum Sir Blair kommunizéiert. Eng gelunge Bréiffrëndschaft, déi der Queen awer sécher vill Freed gemaach huet.