De Schauspiller deen duerch d'Serie Prison Break bekannt ginn ass huet wësse gelooss, dass hien Autist ass.

De Wentworth Miller ass deene meeschte bekannt duerch d'Serie Prison Break. Eréischt viru kuerzem huet de Schauspiller sech een Account op Instagram geschaf. An do huet hien dann elo matgedeelt, dass bei him Autismus diagnostizéiert gouf.

De Star huet iwwer Instagram iwwert seng Gefiller geschwat a gesot, dass hien näischt géing ännere wëllen. An, dass dës Diagnos een zentrale Deel ass vun der Perséinlechkeet déi hien haut ass.

Virun engem Joer krut hie seng éischt inoffiziell Diagnos. Wéi de Schauspiller op Instagram schreift, hat hie scho méi laang d'Gefill, dass hien um autistesche Spektrum wier. Dem Miller no wier et ee laangen an ustrengende Prozess gewiescht bis en d'Diagnos krut. An awer beschreift en d'Diagnos och als Kaddo, deen en d'lescht Joer wärend dem Lockdown krut. De Moment wier en nach am Gaange sech weider iwwer Autismus z'informéieren an dës Veranlagung besser ze verstoen. Eppes wéilt de Schauspiller awer ganz besonnesch net maachen: falsch informéieren oder fir déi ganz autistesch Communautéit schwätzen.

Zum Schluss huet de 50 Joer ale Schauspiller awer nach deene Leit Merci gesot, déi hien esou acceptéiert hu wéi en ass, an och a Kaf geholl, dass se hien a seng Gefiller a Bedürfnisser villäicht net ëmmer verstanen hunn, an awer fir hien do waren.