An engem Instagram-Live huet d'Rebel Wilson elo ganz éierlech doriwwer geschwat, wisou et sech d'Zil gesat hat ofzehuelen.

Fir d'Rebel Wilson war 2020 d'Joer an dem et sech ëm seng Gesondheet gekëmmert huet. Am Laf vun deem Joer a bis elo nach mat huet d'Schauspillerin am Ganze 34 Kilo ofgeholl. De Grond war eemol natierlech d'Zil seng Gesondheet ze verbesseren. Ma nach méi war et awer de Wonsch Mamm ze ginn, deen déi 41-Joer al Australierin dozou beweegt huet ofzehuelen. Wéi d'Rebel nämlech gefrot huet, wéi seng Chancen sti fir schwanger ze ginn, sot säin Dokter him, dass et dës Chancen däitlech verbessere kéint wann d'Schauspillerin ofhëlt.

A wéi huet d'"Pitch-Perfect"-Schauspillerin dat gemaach? Ma eemol natierlech mat Sport, genuch Schlof a vill Waasser drénken. An d'Rebel huet sech och e puer ongesond Iessgewunnechten ofgewinnt. Amplaz sech mat Iessen ze belounen, huet d'Rebel sech mat anere Saache verwinnt. Wéi zum Beispill enger deierer Posch. Eng gutt Approche fir motivéiert ze bleiwen, déi sech awer natierlech net jidderee leeschte kann.