An dat all Mount. Dat huet elo ee Geriicht zu Los Angeles entscheed.

"Drum prüfe wer sich ewig bindet". Soss kann et emol eng deier ginn. Bei der Scheedung vum Kelly Clarkson a sengem Ex-Mann dem Brandon Blackstock huet ee Geriicht zu LA elo festgehalen, dass d'Sängerin sengem Ex-Mann muss Ënnerhalt bezuelen. An dat an Héicht vun 165'000 Euro de Mount.

Dëse Montant gouf elo festgehalen nodeems gekuckt gouf, wéi vill dass d'Kelly Clarkson all Mount verdéngt. Ganzer 1,3 Milliounen Euro solle mindestens all Mount um Konto vun der Sängerin landen. Dofir huet d'Geriicht och fonnt, dass d'Sängerin déi 165'000 Euro ouni Problem verkraaften dierft. Ma Uganks soll säin Ex-Mann awer 360'000 Euro pro Mount verlaangt hunn, wat bei esou engem Salaire warscheinlech awer och ze stemme gewiescht wier.